WORKSHOPS

kannercampus

park um belval

9 mai

kannercampus — park um belval — 9 mai —

ENTDECK
WORKSHOPS.

9. MEE 2024 | VUN 10h BIS 18H
Kannercampus
Park um Belval

CASHLESS Event

  • Egal ob Ollie, Backflip oder einfach mol um Briet stoen an e puer Meter maachen: Joe Logelin a Liam Becker bréngen alles mat, wat dofir gebraucht gëtt. Egal op Ufänger·in oder scho puer Mol d’Ramp erop an erofgefuer. Bei dësem Atelier kann all Mënsch matmaachen. D’Skateboarder vu Skateboard Club Luxembourg wësse fir all Niveau eppes unzebidden.

    AB 6 JOER | 10H00 - 18H00

  • Loscht op Beweegung a gutt Stëmmung? D’Susana Da Costa ass fir d’Zumba-Party responsabel an demonstréiert, wéi gutt et deet, lasszeloossen a sech ze beweegen. Bonus: Dir danzt net just, mee verbessert är Ausdauer, Koordinatioun an äert Kierpergefill. Mir fannen, dat si genuch Grënn, bis laanscht ze kommen an et ze probéieren.

    AB 4 JOER | 10H00 - 11H00 & 12H00 - 13H00 & 14H00 - 15H00 & 15H30 - 16H30

  • Den DJ Brave vun der BAMSS Music School animéiert an 3 Seancen e Museksworkshop ënnert dem Motto „Maach mat“. Et geet ëm d’Vermëttlung vun an d’Schaffe mat Musek iwwer pädagogesch Animatioun an Entertainment. Wie motivéiert ass matzemaachen, ka sech freeën, verschidden Instrumenter ze testen an op eng méi aussergewéinlech Manéier Musek ze maachen. Powered by Rocklab.

    AB 7 JOER | 11H00 - 12H00 & 13H30 - 14H30 & 15H00 - 16H00

  • Crossfit ass nëmmen eppes fir duerchtrainéiert Athlet·innen. Um San’Up kënnen sech awer och déi Kleng auspoweren. Ënnert der Leedung vum Jérémy a Stephane vum CrossFit Roude Léiw kënne Kanner an Erwuessener testen, zu wat hire Kierper alles fäeg ass.

    AB 4 JOER | 10H00 - 18H00

  • Eng Händsch, e Schléier an e Ball, méi brauch et net, fir an dëse spannenden Ekippesport anzedauchen. Et geet ëm Geschécklechkeet, Teamspirit a Freed un der Competitioun. D’Coryse Bands an hiert Team vu Baseball and Softball Federation of Luxembourg (BSFL) an dem Red Sappers Baseball Team suerge fir d’Material. Dir musst just gutt Laun a Loscht op eppes Neies matbréngen.

    AB 8 JOER | 10H00 - 18H00

  • De Photoclub Gemeng Suessem gëtt een Abléck an d’Konscht vun der Fotografie a weist, wéi dir iech am beschten an Zeen setzt.

    ALL ALTER | 10H00 - 18H00

  • Si hate scho mat hirer Karawann beim traditionelle Kino beim Suessemer Schlass Stopp op eiser Bün gemaach. Dës Kéier bidden se en Abléck an hir Trickkëscht: D’Clownen Jac&Joe wëssen ze begeeschteren an huelen iech mat an hir Welt. Si hëllefe verstoppten Talenter ze entdecken a weisen, wéi vill eng positiv Attitude brénge kann. Nieft dem Workshop gëtt et och ee Live-Spektakel.

    AB 6 JOER | 10H00 - 14H00 & 15H30 - 17H00

  • Wie sech besser mat Wierder ausdrécke kann, fir deen ass eise Poetry-Slam-Workshop dat Richtegt. Heibäi handelt et sech ëm eng Konschtform, bei där d’Franziska Peschel an de Camal Tahireddine vum Géisskan Kollektiv hëllefen, Gedanken op Pabeier ze bréngen. Jonker wéi Erwuessener ginn animéiert, hirer Kreativitéit fräie Laf ze loossen a wa se dat wëllen, hir Geschichten ze deelen.

    AB 13 JOER | 11H00 - 14H00

  • Am Workshop vum Handball Bieles léiers du grondleeënd Technike vun dëser dynamescher Sportaart kennen. Vu Passen, iwwer Fänke bis zu Goaler schéissen: Entdeck deng Leidenschaft fir den Handball an erlief den Ekippesport hautno.

    AB 10 ANS | 10H00 - 13H00

  • Graffiti-Konscht an Nohaltegkeet matenee verbannen, dat versicht de Sascha Di Giambattista. Eidel Spraydouse fléien hei net an d’Poubelle, mee ginn ëmfunktionéiert. Egal wéi eng Faarf, wéi ee Muster a wéi eng Form: Kreatiivt Denken an Ëmweltbewosstsi stinn an dësem Workshop op éischter Plaz.

    AB 8 JOER | 10H00 - 18H00

  • Nieft eisem Upcycling-Workshop, an deem benotzte Graffitisdousen nei gestalt ginn, bidde mir och ee richtege Graffitiatelier un mam Kit Empire un. Egal wéi eng Faarwen, egal wéi eng Formen: Op eiser Mauer kann s du denger Fantasie fräie Laf loossen.

    AB 8 JOER | 10H00 - 12H00 & 14H00 - 16H00

  • Och bekannt als Spikeball, vereenegt Roundnet zwou Sportaarten: Volley- a Vëlkerball. An dësem Workshop vu Roundnet Luxembourg kënnt dir testen, wéi schnell är Reflexer sinn. 2 an 2 spillt dir iech e giele Ball am Krees op enger Aart Trampolin zou. Et geet also net just ëm Schnellegkeet, mee virun allem ëm Teamgeescht.

    ALL ALTER | 10H00 - 18H00

  • Sprinten, Wäitsprong a Kugelstouss – d’Liichtathleetik ass villfälteg. Den CA Bieles organiséiert zesumme mam Bob Bertemes vun 10.00 bis 13.00 Auer e Workshop, an deem iech d’Grondlage mat op de Wee bruecht ginn. Wie weess, vläicht entdeckt dir är nei Passioun oder hutt einfach e gudden Dag voller Action.

    AB 5 JOER | 10H00 - 13H00

  • Technik, Strategie an Ausdauer an déi néideg Motivatioun dierf natierlech och net feelen: Genee dat weisen iech de Boris Molitor an de Julian Siegers vum Boxclub Esch. Déi zwee Sportler leeden de ganzen Dag iwwer duerch de Workshop a passen op, dass keen·t sech wéi deet.

    AB 8 JOER | 10H00 - 18H00

  • Spier d’Energie an d’Disziplin vum Muay Thai am Workshop vum Veräin Rising Phoenix – Fighting Experience vum Yannick Schalz. Ënnert enger professioneller Leedung kanns du déi spannend Kampfkonscht entdecken a vun Expert·inne léieren.

    AB 11 JOER | 10H30 - 11H30 & 12H30 - 13H30 & 14H30 - 15H30 & 17H00 - 18H00

  • D’Vanessa Dettori hëlleft, um Feierdag zur Rou ze kommen an ofzeschalten. Moies ass et un den Erwuessenen, hir Mëtt ze fannen a kierperlech Beweegung, Otemtechniken an Achtsamkeet ze praktizéieren. Nomëttes kënnen déi Kleng bei engem Familljeworkshop matmaachen an déi positiv Auswierkungen op Geescht a Gesondheet kenneléieren.

    AB 8 JOER | 11H00 - 12H30 & 14H00 - 14H45

  • Schonn ëmmer Loscht gehat, sech am koreanesche Kampfsport ze probéieren, mee bis elo hat sech keng Méiglechkeet erginn? Um San’Up ass et méiglech. Moies an nomëttes kënne sech Kanner an Erwuessener auspoweren. Fir d’Mëttespaus weisen d’Experten am Kader vun enger Demo, wéi et kéint ausgesinn. Freet iech, ënnert der Leedung vum Hodzic Sukrija a Kim Seungyong vum Taekwondo Club Esch-sur-Alzette d’Grondlage vum Taekwondo kennenzeléieren.

    ALL ALTER | 11H00 - 12H00 & 14H00 - 16H00

  • Wann d’Wendy Parracho an de Jeff Bertholet vu Black Bear Darts an der Fédération Luxembourgeoise de Darts (FLD) eppes kënnen, dann ass do ze treffen, wou se wëlles hunn. Mat am Gepäck hunn d’Trainerin vum Nationaljugendkader an de BBD-President alles, wat gebraucht gëtt, fir sech am Darts ze probéieren. Prett, Prezisioun, Konzentratioun a Geschécklechkeet op en neie Level ze hiewen?

    AB 12 JOER | 10H00 - 18H00

  • Wann iech Disc Golf näischt seet, da kënnt der bestëmmt eppes mat Frisbee ufänken. De Claude Bouvy vun Disc Golf Club Luxembourg leet den Atelier, an deem hien op zougänglech Aart a Weis Techniken a Strategië vum Disc Golf weist, fir de Frisbee an de Kuerf ze kréien.

    ALL ALTER | 14H00 - 18H00

  • Bei Parkour handelt et sech ëm eng Disziplin, déi léiert, wéi een·t effizient vu Punkt A op Punkt B kënnt, mat e puer Obstakelen am Wee, déi et heescht, hannert sech ze loossen. Parkour bitt eng opreegend Geleeënheet, déi eege Fäegkeeten ze verbesseren a Grenzen ze iwwerwannen. D’Émilie vun der Kaizen Parkour Academy leet dëse Workshop.

    AB 8 JOER | 14H00 - 18H00

  • Den Numm vum Sylvia Camarda sengem Workshop „Danz dech fräi” ass Programm. Et gëtt kee Richteg oder Falsch – all Mënsch soll sech iwwert d’Danzen esou ausdrécken, wéi et sech gutt ufillt.

    AB 6 JOER | 10H15 - 12H00 & 14H00 - 15H30

  • Wien net de ganzen Dag um Kannercampus wëll verbréngen, fir deen heescht et beim Le Guidon Belvaux laanscht kommen. Nomëttes geet et da gutt 20 Kilometer queesch duerch d'Gemeng. Bréngt ären Helm an eegene Vëlo mat.

    AB 6 JOER | 11H00 - 13H00 & 14H00

  • Let’s get creative! Hannert Oh Mamie! steet d’Jennifer Lyszyszack. Hatt invitéiert a säin Atelier, an deem déi villsäiteg a spannend Technik vun der Serigrafie erkläert an an der Praxis ëmgesat gëtt. Dat Coolt un der Serigrafie ass, dass d’Biller op ganz ënnerschiddlech Uewerfläche gedruckt kënne ginn, fir esou eenzegaarteg Konschtwierker ze erschafen.

    AB 4 JOER | 10H00 - 18H00

  • Sech un an Charakteren eruwoen an esou spannend Geschichten erzielen an den eegenen Emotioune fräie Laf ginn? Dat a Villes méi ass am „Drama Baby Drama“-Workshop vum Mirka Costanzi de ganzen Dag iwwer méiglech. Egal op et déi éischte Kéier ass, jiddereen·t ass wëllkomm, déi eege kënschtleresch Kompetenzen ze entwéckelen an déi opreegend Welt vum Theater fir sech entdecken.

    AB 6 JOER | 11H00 - 12H00 & 14H00 - 15H00 & 16H00 - 17H00